//Victor Bettendorf an Mr.Tac gewannen den Groussen Preis zu Paräis – Eng Inspiratioun fir eis all!

Victor Bettendorf an Mr.Tac gewannen den Groussen Preis zu Paräis – Eng Inspiratioun fir eis all!

Mir hunn an den leschten Méint vill iwwert dem Victor seng Erfolleger gestaunt an sinn beandrockt dass et ëmmer nach besser geet. Iwwert seng Victoire am Groussen Preis vun Paräis vun gëschter Nomëtteg kennen mir nach lang schwäermen. Dat war eng Leeschtung vun Reider an Päerd déi fir ons all eng Inspiratioun ass.

Et ass schonn lang kloer dass mir als Lëtzebuerger Reider d’Kapaciteiten hunn matzehalen. Mir hunn an den leschten Joerzéngten Resultater déi mir net däerfen vergiessen; den Marcel war 3. am Derby vun Hamburg mam Orgeuil, d’Charlotte war 10. bei der Europameeschterschaft vun den Young Rider mam Kiwi du Gibet, ech hunn et mam Global an d’ Final vun der Europameeschterschaft gepackt, d’ Yola war mat Ampou 10. bei der Europameeschterschaft vun den Children lescht Joer.

An  den Victor gewënnt elo een Groussen Preis nom aneren. Zu Göteborg virun en puer Wochen konnt hien an Rou ‘üben’, gëschter zu Paräis war den Drock immens; d’Famill an den Ziichter waren do, awer och d ‘Proprietairen, an en begeeschterten Publik.

Vir des Situatiounen maachen mir Reider den groussen Effort am Alldag an iwwert all déi Saisonen! Mir schaffen vill un eis an onsen Päerd, iwwerleeën wei mir alles kënnen optiméieren, maachen en Plang.

Beim Victor ass an den leschten Joren alles zesummekomm privat wei sportlech; hien huet mat neien Impulser seng Reiderei optiméiert an d ‘Haltung an den Training vun den Päerd ugepasst . Den Mr. Tac ass sichtbar zefridden an selbstsécher, hien huet Loscht mam Victor Leeschtung ze bréngen. An wat eng Leeschtung, an wat eng Konstanz!

Huelt dësen Impuls an maacht en Plang fir iech an äre Päerd. Setzt iech Zieler an stellt sécher dass äre Päerd gesond an glécklech sinn. Als Koppel musst dir positiv an motivéiert sidd. Dir kennt iech an äert Ëmfeld selwer iwwerraschen!

Mir mussen hei heem den Sport opbauen fir international kennen ze glänzen. Dofir mussen mir all matmaachen; Reider, Ziichter, Traineren an Organisateuren.

Bravo Victor fir des besonnesch Victoire! Dat inspiréiert mech no engem langen Wanter. Mir freeën eis op däin Optrëtt zu Paräis nächsten Summer!

Christian

By |2023-03-20T09:14:28+01:00März 20th, 2023|Wichtig|Kommentare deaktiviert für Victor Bettendorf an Mr.Tac gewannen den Groussen Preis zu Paräis – Eng Inspiratioun fir eis all!