(c) Valerie Semenova / Unsplash
10.03.2026

Top 10 Placéierunge fir FLSE-Reider

Dressur
Sprangen

Gierech zu Vejer de la Frontera, Skarsoe zu Ankum

Sprangen

Zënter Wochen ass d’Odile Gierech praktesch stänneg am Asaz zu Vejer de la Frontera a Spuenien, ongeféier 80 Kilometer westlech vu Gibraltar. Zënter Ufank Mäerz huet déi 38 Joer al Lëtzebuergerin Päerd a sëllege Prüfunge vu verschiddene Schwieregkeetsgraden deelgeholl, fir jonk Päerd wéi z.B. Sechsjäregen bis zu Véier-Stäre-Sprangen iwwer 1,55 Meter.

Mir hunn hei kuerz déi bescht Resultater zesummegefaasst, déi d‘Landesmeeschterin vun 2022 an de leschten Deeg a Südspuenien erreecht huet. Beim CSI 4* “Big Tour” huet si knapp de Podium verpasst a gouf véiert mat der zéngjäreger Mier Gutchi de Moyon. Si huet déi éischt Plaz ëm 31 Honnertstel virum Ir Ciaran Nallon verpasst, deen déi 3.Plaz mam Casalla Blue (61,05) geholl hat. De Julien Anquetin (F, Beau de Laubry, 59,49) huet virum Theodore Boris (ISR, Cazan, 60,28) gewonnen.

D’Gierech, déi an der Belsch opgewuess ass – a laut engem Interview mam Wort d’lescht Joer e Wonsch vun hire Grousselteren erfëllt huet, wéi si decidéiert huet, fir Lëtzebuerg ze fueren – ass a Spuenien nach eng weider Kéier an den Top 10 gelant. An engem 1,50m-Sprangen, dat fir de Longines Ranking gezielt huet, huet si d‘Stiechen zwar verpasst, awer trotzdeem di zéngte Plaz erreecht. Dës Prüfing gouf vum Britt Matthew Sampson op Nouvelle v.h. Veldhof gewonnen. D’Gierech wäert dës an d‘nächst Woch och zu Vejer am Asaz sinn.

Di nächst Wochen

Amplaz zu Doha (QAT) wäert den Top-Sprangreider Victor Bettendorf dës Woch un engem Turnéier zu St. Tropez (F) deelhuelen. Fir déi Woch drop steet hien op der Startlëscht vum Saut Hermès, dee vum 20. bis den 23.Mäerz am Grand Palais zu Paräis stattfënnt. Säi Brudder Basile gëtt zesumme mat der Mae Beffort dëser Deeg zu Lier (B) erwaart. Eng Woch méi spéit trëfft hien op der selwechter Plaz aner Lëtzebuerger, nämlech d’Melina Chatzimarkaki an de Christian Weier.

Dressur

D‘lescht Woch huet d’Fie Christine Skarsoe zu Ankum an Niedersachsen, bei Osnabrück, un engem Dressur-Turnéier deelgeholl. Mam nëmmen aacht Joer alen Oldenburger Minnech Forte Village huet si sech 67,851 Prozent an engem Prix St. Georges geséchert an domat déi 6.Plaz erreecht. Zum Verglach: d’Gewënnerin Stefanie Viehoff-Wolff an den Tasino sinn op 70,132 Prozent komm. Déi zwee haten virdru schonn eng S*-Dressur mat exakt 70,000 Prozent op der 4. Plaz ofgeschloss.

Verschidden FLSE-Reider hu sech beim Youth Cup 2026 am Trimmelterhof zu Tréier ervirgedoen. An enger Dressur op A-Niveau ass de Vincenzo Coppola op Just for Fantasy Zweete ginn, wärend d’Jaana Seligson an de Volnay de Lusse do Fënneft goufen. D’Seligson huet sech och eng drëtte Plaz an engem Dressurtest op A**-Niveau geséchert. D’Lëtzebuergerin Lily Haas huet um Enjou eng op L**-Dressur gewonnen an huet do 66,333 Prozent krut.

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

18.04.2026
- 19.04.2026
Dressurturnéier Lëntgen
Lëntgen
26.04.2026
WBO Näerzeng
Näerzeng
09.05.2026
- 10.05.2026
Sprangturnéier Rouscht
Rouscht
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu