Charline Rollinger on Casalito
21.09.2026

Sprangen: Schlussklassementer vun den FLSE Cups

Sprangen

De Weekend waren d‘Finallen zu Waldbriedemes

Am Kader vum Päerdsturnéier zu Waldbriedemes goufen e Sonnden d’Finalle vun den FLSE Cups am Sprangreiden ausgedroen. An der héchster Kategorie, dem Gold M* Cup, war d’Avance vum Charline Rollinger a Casalito (Foto) schonn esou grouss, datt d’108 Punkten um Dag vun der Finall fir d‘Schlussvictoire duergaange sinn. Um Enn stoungen 448 Punkten um Konnt. E richtege Sprong Saz op d’2. Plaz huet zu Waldbriedemes d‘Lara Klinkert gemaach: hatt huet mam Curtis 150 Punkte gesammelt a réckelt domatter vu Rang 4 op déi zweet Plaz no vir a mat 406 Punkten kënnt d‘Koppel op de Podium. Drëtt ginn d‘Julie Thill an de Kansai du Gibet mat 398 Punkten.

Am Silver L Cup huet d‘Annemarie Hartert mat C‑Star gewonnen an en Total vun 546 Punkten erreecht, op deen si no 150 Punkten um Ofschloss-Weekend komm sinn. An dësem Cup huet sech d’Reiefolleg net méi geännert: d‘Grace Baum ass mam Ibiza op Plaz 2 (522) komm an d‘Alice Juhlin mat Thimax van’t Hof van Eversem op Plaz 3 (516). Eng änlech Situatioun huet sech och nom Ofschloss vum A Cup 2026 erginn. D‘Katrin Baum huet um Cyrielle du Toultia gewonnen (528), d‘Lynn Weiwers mam Modric huet déi zweet Plaz (486) an d‘Anna Maria Hatz (Torero, 464) déi drëtt Plaz ergattert. D‘Hatz huet awer den Otem vun der Véiertplacéierter Sandy Winandy (Oramona, 450) am Genéck gespiert — d‘Winandy huet zu Waldbriedemes 150 Punkte krut a koum nach no un d‘Hatz erun.

Extrem spannend ass de WBO Cup op en Enn gaangen: virun der Finall hu just siechzéng Punkten d’Plazen 1 bis 4 getrennt. D’Schlussgewënnerin Emma Thiel krut zu Waldbriedemes 144 Punkten a kënnt domat op en Total vu 544 Punkten, dat sinn nëmmen zwee kleng Punkte Virsprong virum Lorie Theis a Mellimara Jife (54a2). De Mich Koedinger huet di ënnescht Podiumsplaz geholl. Um Abby stounge schliisslech 526 Punkten um Pabeier, dat huet zéng Punkte Virsprong op d‘Laura Wagener an de Royaumont bedeit, déi op di 4. Plaz komm sinn (516).

D’Finallen vun den Dressage Cups ginn Enn Oktober zu Beefort geridden. Dëse Weekend steet zu Stroossen den drëttleschten Dag vun där Serie um Programm. Den Zäitplang an di offréiert Prüfunge vun dësem Dressurturnéier publizéiere mer Enn der Woch op eisem Internetsite.

Top 3-Schlussklassementer vun den FLSE Cups am Sprangen

Amateur Gold M* Cup: 1.Charline Rollinger (Casalito, 448 Punkten), 2.Lara Klinkert (Curtis, 406), 3.Julie Thull (Kansai du Gibet, 398)

Silver L Cup: 1.Annemarie Hartert (C-Star, 546), 2.Grace Baum (Ibiza, 522), 3.Alice Juhlin (Thimax van’t Hof van Eversem, 516)

A Cup: 1.Katrin Baum (Cyrielle du Toultia, 528), 2.Lynn Weiwers (Modric, 486), 3.Anna Maria Hatz (Torero, 464)

WBO Cup: 1.Emma Thiel (Carlotto, 544), 2.Lorie Theis (Mellimara Jife, 542), 3.Mich Koedinger (Abby, 526)

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

10.10.2026
Sprangturnéier Meeschhaff
Meeschhaff
11.10.2026
WBO Meeschhaff
Meeschhaff
17.10.2026
- 18.10.2026
Sprangturnéier Befort
Befort
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu