(c) F16 PHOTOGRAPHY PRODUCTIONS
06.03.2026

„Schwéier, di eng Reitsportdisziplin mat där anerer ze vergläichen“

FLSE

E Portrait-Interview vum Rich Simon, dee sech bei RTL e.a. och ëm de Reitsport këmmert

Säit wéini bass de als Sportjournalist aktiv?

1995 hunn ech als Freelance an der Sportredaktioun beim Radio ugefaangen an hunn dat dann op där Basis weidergemaach bis 2007. Dunn gouf ech gefrot fir ganz an d’Sportredaktioun ze wiesselen a vun do u sinn ech dann an där Redaktioun bei RTL fest engagéiert, haaptsächlech fir de Radio.

Säit wéini berichs de iwwer Reitsport a wéi ass et dozou komm, dass de mat Reportagen iwwer d‘Reiden ugefaangen has?

Mam Reitsport hunn ech a sech 2019 konkret ugefaangen. Deemools war d’Reitsportfederatioun op eis duerkomm fir ze kucke, wat ee kéint maachen, fir datt si eng besser Visibilitéit géife kréien an do hate mer en Accord fonnt, datt mer eemol de Mount vu Mäerz bis Dezember de Reitsportmagasinn géife maachen. Mech hat dat e bëssen intresséiert an vun do u bis och elo dëst Joer nach, wou de Kontrakt emol nach sécher leeft, maachen ech dee Reitsportmagasinn. Ech hu se a sech vun 2019 u bis elo alleguerte gemaach, dat heescht, do kommen der schonn e bëssen zesummen.

Du betreis och aner Sportaarten. Wat mécht fir dech de besonnesche Reiz vum Reitsport aus?

Ech mengen, et ass di eenzeg Sportaart, wou de Sportler mat engem anere Liewewiesen zesummeschafft, nämlech mam Päerd. Ech mengen dat gëtt et soss a kenger Sportaart an dat ass schonn eppes Spezielles. Et ass jo net nëmmen, datt‘s de d’Päerd muss trainéieren, mee d’Päerd brauch all Dag seng Fleeg. D‘Päerd huet, genee wéi mir Mënschen, heiansdo deen een oder anere klenge Bobbo, wou muss duerno gekuckt ginn.

Praktesch op all Niveau ass de Reitsport ee Full-Time-Job, wou‘s de all Dag iergendwéi dermadder ze dinn hues, anescht wéi zum Beispill am Fussball, wou‘s de als, ech soen mol Hobby-Fussball-Spiller zwee-, dräimol d’Woch op den Training gees an domadder huet et sech dann. Dat ass am Reitsport net méiglech. Du muss wierklech all Dag bei däi Päerd goen an di Bindung tëscht Reider a Päerd, dat ass et, wat de Reitsport eebe fir mech esou speziell mécht, egal, a wat fir enger Disziplin, ob dat lo an der Dressur ass, am Sprangreiden, am Kutschefueren oder am Western. Dat ass dat, wat mech beim Reitsport eeben reizt.

Ech hu keng Liblingsdisziplin am Reitsport

De Sportjournalist Rich Simon

Hues de eng Liblingsdisziplin am Reiden? Hues de d‘Sprangen z.B. léiwer wéi d‘Dressur oder wéi stees de zu deenen eenzelen Disziplinnen?

Nee, ech hu keng Liblingsdisziplin am Reitsport. Et ass och schwéier mengen ech, di eng mat där anerer ze vergläichen. D‘Sprangreiden ass dat, wou am meeschten driwwer geschwat gëtt, och international an dofir intresséiere mech di Resultater villäicht e bësse, méi, mä et ass elo wierklech net, datt ech soen, di do Disziplin ass méi flott wéi di aner. Fir mech hunn alleguerten d’Disziplinnen dee selwechte Stellewäert an et ass och schwéier ze vergläichen, ech soen elo mol tëscht em Victor Bettendorf am Sprange senge Resultater an ëm Nicolas Wagner Ehlinger sengen an der Dressur respektiv ëm Marie Schiltz senge Resultater am Kutschfueren. Fir mech sinn se alleguerten op engem Niveau.

Wéi laang hues de gebraucht, dech aus journalistesch/redaktioneller Siicht esou déif an de Reitsport eranzeschaffen, dass de dech do genuch auskannt hues? Et ass jo dobäi extreme technesch a spezifesch Wësse gefuerdert.

Ech si sécher elo keen Expert am Reitsport, déi Medail wëll ech mer selwer net undoen. Ech interesséiere mech fir de Reitsport, mä et ass elo net sou, datt ech mech do wierklech auskenne, wéi wann ech mäi ganzt Liewe soss näischt aneschters gemaach hätt,wéi eeben um Radio iwwert de Reitsport ze beriichten respektiv och emol um Internet – dat sécherlech net. Well et extreem technesch ass, ass d’Sprangreiden fir esou ee Journalist dat Einfachst.

D’Päerd muss iwwert d’Obstakel kommen, et gëtt eng Zäit geholl an dat ass moossbar. Wann ech awer lo d’Dressur kucken, do muss ee schonn ee, wéi den Däitsche géif soen, „ein geschultes Auge“ hunn an dat hunn ech sécherlech net am Dressursport. Dofir ass d’Sprangreiden fir mech méi einfach, well d’Reegele, relativ kloer an einfach ze verstoe sinn – och fir mech selwer méi liicht ze verstoe wéi eeben z.B. am Dressursport, wou dat dann awer mi komplizéiert ass.

Reits de selwer bzw. souz de schonn eng Kéier op engem Päerd?

Ech sinn effektiv e bësse geridden. Dat ass awer schonn eng Zäit hier an ech hunn och an engem méi héijen Alter ugefaange mat Reiden. Dat muss ëm d‘Joer 2009 gewiescht sinn, wou ech ugefaangen hunn an zwar zu Steeën am Stall vum Guy Franziskus, dee jo selwer Riichter ass am Sprangreiden an wat och ee Kolleeg vu mir ass. Do hunn ech mech iergendwann breet schloe gelooss am positive Sënn fir mat Reiden unzefänken. Dat huet mer och immens vill Spaass gemaach. Ech ka mech erënneren, datt de Guy an ech och mol di eng oder aner Kéier mat de Päerd eraus an de Bësch gaange sinn. Dat war wierklech flott an ech hu mech och e bëssen un d’Sprangen erugewot.

Dat ass dunn awer eng Kéier schifgaangen an ech sinn vum Päerd u erofgefall an hu mer dobäi d’Handgelenk gebrach an dunn hunn ech fir mech decidéiert, dass et wuel eng ganz flott Erfarung war, mä dat ech awer trotzdeem besser hätt, ech géif anere Sportaarten nogoe wéi eeben elo mordicus d’Reide weiderzefueren. Derbäi ass dann awer och nach komm, datt ech kuerz nodeem ech d’Handgelenk gebrach hat e schwéiert Accident beim Schifueren hat an du koum eent bei d’anert. Dat heescht, no deem Accident ëm déi 2011 souz ech net méi op engem Päerd, mee ech kennen awer d’Gefill, wéi et ass uewen op engem drop ze sëtzen.

D‘Réiser Päerdsdeeg sinn natierlech dee bekanntste Reitsport-Event hei am Land. Op wéi engen Turnéier gesäit een dech donieft och nach reegelméisseg an dengem Job oder privat als Zuschauer?

Et ass ganz richteg, datt d’Réiser Päerdsdeeg de bekanntsten Turnéier sinn, dee mer am Land hunn, dofir ass et och extreem schued, datt se dëst Joer net sinn. Ech sinn och all Joer op de Réiser Päerdsdeeg. Ech muss awer och éierlech sinn, di lescht Jore war ech oss net méi op Turnéier hei am Land. Dat huet awer mat mengem Beruff als Sportjournalist ze dinn, well di Turnéier am Prinzip ëmmer iwwert de Weekend sinn. An de Weekend sinn als Sportjournalist déi Deeg, wou‘s de da redaktionell di meeschten Aarbecht hues, wou ech dann um Kierchbierg sëtzen an um Radio fir de Sport zoustänneg sinn.

Oder ech hëllefen och emol e bësse beim Internet aus, zemools dann, wann iergendeppes vum Reitsport erakënnt, fir dann do een Text ze schreiwen, deen da kann online gesat ginn. Wéi gesot, di lescht Jore war ech praktesch net méi op engem Turnéier. Am Ufank, wéi ech scho gesot hunn, di Zäit wéi ech mam Guy Franziskus geridde sinn, sinn ech awer méi oder manner reegelméisseg op Turnéier gaangen, an d‘Fuussekaul zum Beispill oder och zu Steeën. Mä di lescht Joren dann awer éischter net méi.

Wéi schwéier ass et an enger Redaktioun, vermeintlech manner populär Sportaarten wéi d‘Reiden trotzdeem op Redaktiounspläng ze kréien?

Dat ass eng ganz gutt Fro, wou ech awer mengen, datt ee muss differenzéieren. Ech kann elo just fir RTL schwätzen, wou mir jo engersäits d’Tëlee hunn, dann hu mer de Radio a mir hunn den Internet. Bei der Tëlee a beim Radio ass et de Problem, datt ee just eng begrenzten Zäit fir de Sport huet. An do muss een dann als Sportjournalist ofweien, wat an déi Zäit erapasst, di engem zur Verfügung steet a wat fir eng Nouvellen ee mathëlt. Dat ass awer ganz kloer esou, datt wann de Victor Bettendorf oder och den Nicolas Wagner Ehlinger international Top-Resultater hunn, ouni di aner Reider elo ze vergiessen, da fannen déi sécher hir Plaz um Radio an och op der Tëlee. Um Internet ass dat e bësse méi einfach. Den Internet ass, soen ech mol, „open-end“. Do ass een net u Linne gebonne, wat d’Zäit ugeet, esou datt do, wann ee gutt Resultat erakënnt, et ouni Problem kann online setzen, respektiv och méi Detailer ka ginn, wéi dat elo zum Beispill um Radio de Fall ass, wou een di begrenzten Zäit eebe just zur Verfügung huet an da seet de Victor Bettendorf huet do an do dee Fënnef-Stären-Tournoi gewonnen.

Um Internet kann een do nach zousätzlech Informatioune ginn, z.B. déi wéi villt Victoire et war bei engem Fënnef-Stären-Tournoi, mat wat fir engem Päerd an esou weider. Dat ass e risege Virdeel vum Internet. Et war jo och an där Optik, wou d’Federatioun deemools un RTL erugetrueden ass, fir eeben, wéi ech ufanks gesot hunn, méi Visibilitéit ze kréien. Ech mengen, datt mer dat gutt ëmgesat kréien. Et ass natierlech ëmmer nach Loft no uewen, mee ech mengen awer, datt d’Zesummenaarbecht sech di leschte Joren wierklech dach extreem verbessert huet. Ech sinn am reegelméissege Kontakt mam , Generalsekretär vun der Reitsportfederatioun, dem Paul Engel a wann ech emol eppes hunn, wou ech mer net ganz sécher sinn, dann zécken ech net, fir him unzeruffen, fir eeben nach méi Detailer ze kréien an och emol e bëssen Insiderwëssen. Ech muss soen datt de Pol och ëmmer disponibel ass. Di Zesummenaarbecht ass wierklech ganz gutt ginn iwwert di lescht Joren an et mécht wierklech Spaass, mat der Reitsportfederatioun zesummenzeschaffen.

Kritt de Reitsport ze wéineg ëffentlech Opmierksamkeet?

Ech wëll net vun enger Randsportaart schwätzen, well dofir ginn et dach awer ze vill Lizenzen. Lizenz-technesch mengen ech ass de Lëtzebuerger Reitsport an den Top 10 vun deene ronn siechzeg Federatiounen, déi mer hunn. Dofir fannen ech deen Numm Randsportaart net treffend, mä et ass awer eng Sportaart – an ech mengen net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee och international – déi sécherlech net déi Opmierksamkeet kritt huet, wéi zum Beispill de Fussball, fir nëmmen deen ze nennen.

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

18.04.2026
- 19.04.2026
Dressurturnéier Lëntgen
Lëntgen
26.04.2026
WBO Näerzeng
Näerzeng
09.05.2026
- 10.05.2026
Sprangturnéier Rouscht
Rouscht
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu