Jeeweils zwou Victoiren fir d’Jessy Fraiture an de Léonard Aldilli
Leschte Samschdeg hu sech vill Sprangreiderinnen a -reider um Rouscht fir den zweeten Turnéier vun der Saison versammelt. An den héchste Sprangprüfungen huet d’Jessy Fraiture mat zwou Victoiren an enger weiderer Podiumsplaz iwwerzeecht. Hatt huet d’1,10-Meter-Sprangen op A Commander Bond an enger Zäit vun 53,12 Sekonnen gewonnen, virum Nina Konder, déi zweet op Extra Quick Grim (54,83 Sekonnen) gouf. D‘Jessy Fraiture huet sech donieft eng weider Plaz op deem Podium geséchert, als Drëtt mam Live an 56,51 Sekonnen.
D‘1,20-Meter M*-Sprangkompetitioun zum Ofschloss ass och un d’Fraiture gaangen: op ëm uewe genannte Live huet hatt an enger fehlerfräier Ronn vun 76,26 Sekonnen gewonnen, virum Célia Giorgetti (Gentille, 76,72 Sekonnen) an ëm Thomas Lunkes (Top Class Vivanti, 78,43 Sekonnen). De Léonard Aldilli huet och zwou Victoiren am Moiesprogramm geholl gehat. Déi dräi bescht Plazéierunge vum WBO-Turnéier vun e Sonndeg um Rouscht sinn hei ënnendrënner ze fannen.
D’Resultater
Samschdeg, 14. Mäerz
Hei geet et bei d’komplett Resultater
Prüfung fir Sprangpäerd Kl. A* 90 cm: 1.Léonard Aldilli (Little Bird), 2.Rainer Lex (Chapter), 3.Elli Van der Weken (Vlena)
Prüfung fir Sprangpäerd Kl. A** 100 cm: 1.Maéva Barruel (Cuba Libre), 2.Markus Lunkes (Stacy Chic), 3.Maéva Barruel (Lambrusso)
Prüfung fir Sprangpäerd Kl. L 110 cm: 1.Léonard Aldilli (Ukato van Strokapelleken), 2.Annemarie Hartert (Esperanza vh Scheefkasteel), 3.Markus Lunkes (Stacy Chic)
Stilsprangprüfung Kl. A* 90 cm: 1.Lena Komes (Anouk), 2.Lena Kervyn de Lettenhove (Neas Charming Girl) & Eleanor Hack (Cute as a Button)
Srangprüfung m. steigenden Ufuerderungen Kl. A** 100 cm *: 1.Kerstin Walerius (Indy du Vent), 2.Eve Spitoni (Hanuta), 3.Victoria Kiefer (Vanda Odessa)
Sprangprüfung Kl. L 110 cm *: 1.Jessy Fraiture (A Commander Bond), 2.Nina Konder (Extra Quick Grim), 3.Jessy Fraiture (Live)
Sprangprüfung Kl. M* 120 cm *: 1.Jessy Fraiture (Live), 2.Célia Giorgetti (Gentille), 3.Thomas Lunkes (Top Class Vivanti)
Sonndeg, 15.Mäerz
Hei geet et bei d’komplett Resultater
Stilsprang-Concours – m. EZ 65 cm: 1.Matilda Thomas (Quilotta), 2.Lilli Pattison (Coolreagh Fiadh), 3.Lina Christophory (Delvis de Riverland) & Jessica Hagen (Jolinar)
Stilsprang-Concours – m. EZ 80 cm *: 1.Emma Thiel (Carlotto), 2.Mich Koedinger (Abby), 3.Lilli Pattison (Coolreagh Diadh) & 3.Lorie Theis (Mellimara Jife)
Caprilli-Test: 1.Charlotte Gaudron (Vatango Mo), 2.Bruno Ferrante (Larkhill’s Veronica), 3.Julie Hosinger (Max)
Führzügel-Concours: 1.Jamie Joe Kolten (Waterland’s Pretoria) & Leonie Freymann (Best of Rond du Pré), 3.Annie Malget (Millie)
Reider-Concours Schrëtt – Trab (Pony): 1.Lily Schleich (Millie) & Leo Feltern (Star)
Reider-Concours Schrëtt – Trab – Galopp (Päerd) *: 1.Leticia Hallekamp (Queensberry)
Reider-Concours Schrëtt – Trab – Galopp (Pony)*: 1.Lea Müller (Musicman) & Charlotte Mila Schlich (Waterland’s Pretoria), 3.Lou Ries (Crazy Luna)
Dressurreider-Concours DRW 2 *: 1.Lorie Theis (Mellimara Jife), 2.Ayleïah Schmitz (Golden Heartbeat), 3.Ayleïah Schmitz (Vughterheide’s Symphony)
* = FLSE Cup-Wertungen
