Group of young equestrian athletes wearing competition attire celebrate indoors, holding bouquets and awards after a ceremony.
19.08.2025

LM Dressur 2025

Dressur LM

Eng Erfollegräich Editioun um Meeschhaff

Dëst Joer huet d’Landesmeeschterschaft Dressur 2025 um Meeschhaff erëm vill Leit ugezunn an d’Passioun fir d’Reitsport an d’Freed un der Dressur an de Vierdergrond gestallt. D’Reiderinnen a Reider hunn zesumme mat hirem Päerd hir beschte Leeschtunge gewisen a fir en héijen Niveau vun dëser kompetitiver Disziplin gesuergt.

E ganz grousse Merci geet un:

All Reiderinnen a Reider fir hir professionell Virféierung an Engagement,E ganz häerzleche Merci geet un all Reiderinnen a Reider fir hir professionell Virféierung an hiert grousst Engagement. E grousse Merci och un hir Päerd, ouni déi dëse wonnerschéine Sport guer net méiglech wier.Mir soen och dem Organisatiounsteam vum Meeschhaff villmools Merci fir déi excellent Planung an déi perfekt Ofwécklung vum Event.Net ze vergiessen: all Fräiwëlleger a Sponsoren, déi mat hirem Asaz, hirer Zäit an Ënnerstëtzung dozou bäigedroen hunn, dëst Evenement iwwerhaapt méiglech ze maachen.An zum Schluss geet e grousse Merci un all Spectateuren, déi fir eng stëmmungsvoll an inspiréierend Atmosphär gesuergt hunn

Bléck an d’Zukunft

No dësem gelongene Weekend kucke mir elo mat grousser Virfreed op déi nächst Editioun – d’Landesmeeschterschaft Dressur 2026 . Mir si scho gespaant, wéi dës sech entwéckele wäert a wat fir Talenter eis do erwaarden!

Méi Informatiounen

Besicht w.e.g

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

07.02.2026
Toris Seminaire
FLSE
| 10:00
14.03.2026
Sprangturnéier Rouscht
Rouscht
15.03.2026
WBO Rouscht
Rouscht
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu