Turnéier dësen an nächste Weekend um Herchesfeld
Mëtt Januar gouf public, datt déi bekannten a populär “Réiser Päerdsdeeg” dëst Joer net an hirer gewinnter Form stattfannen. Déi 33.Editioun gouf vun 2026 op 2027 verréckelt. De Grond fir dës Decisioun sinn d’Renovatiounsaarbechten um Site Herchesfeld.
De Reitsport zu Réiser wäert dëst Joer jo nawell net ganz feelen. En Tournoi a méi klenger Gréisst fënnt op de Weekender vum 7. a 14. Juni statt. Ënnert dem Numm “Jumping Roeser” ginn dëse Weekend insgesamt dräizéng Disziplinnen ugebueden, dorënner e Sprangturnéier bis 110 Zentimeter e Samschdeg an e WBO-Turnéier e Sonndeg.
De Programm
Samschdeg, de 6. Juni
- 8:30 Auer: Prüfung fir Sprangpäerd Klass A* 90 cm
- 9:30 Auer: Prüfung fir Sprangpäerd Klass A** 100 cm
- 11:00 Auer: Prüfung fir Sprangpäerd Klass L (110 cm)
- 12:15 Auer: Stilsprangprüfung Klass A* 90 cm
- 14:00 Auer: Sprangprüfung Klass A** 100 cm *
- 16:30 Auer: Sprangprüfung Klass L 110 cm *
Sonndeg, 7. Juni
- 8:00 Auer: Stilsprangconcours m. EZ 70 cm
- 9:45 Auer: Stilsprangconcours m. EZ 80 cm *
- 12:00 Auer: Reider-Concours Schrëtt – Trab
- 13:00 Auer: Reider-Concours Schritt – Trab – Galopp *
- 14:00 Auer: Reider-Concours Schritt – Trab – Galopp *
- 15:00 Auer: Pony-Führzügel-Concours
- 16:00 Auer: Concours fir Dressurreider DRW 2 *
* FLSE Cup Wäertung
