Interview mam Lëtzebuerger Level 3 FEI-Steward
Madame Beier-Kinnen, wéi laang sidd Dir schonn am Reitsport aktiv? Reit Dir selwer oder sidd Dir an der Vergaangenheet geridden?
Mat eelef Joer hunn ech ugefaange mat reiden, op Schoulpäerd am Reckendall. Doriwwer hunn ech dunn ugefaangen e bëssen an de Reitsport eranzekommen an Turnéier ze reiden. Nom Studium hat ech mäin éischten eege Päerd kritt. Mat deem sinn ech dunn vun der A-Dressur, also vun der klenger Klass, wéi e véierjäreg war, bis erop zum internationale Grand Prix komm. Mat deem sinn ech jo dunn 2006 zu Oochen Weltmeeschterschaft geridden. Ech war domadder och di éischt Fra zu Lëtzebuerg, déi eng Weltmeeschterschaft geridden ass.
19 Joer duerno ass den Nicolas Wagner Ehlinger als 18. vun enger Europameeschterschaft ervirgaangen. Déi Entwécklung säit Dir zu Ooche waart an haut ass beandrockend.
Absolut, et huet sech wierklech vill entwéckelt am Reitsport, och wann een elo z.B. am Sprangen de Victor Bettendorf gesäit.
Kënnt Der bësse méi am Detail erklären, wéi vill Aarbecht do derhanner gestach, fir dat Päerd, dat Der ernimmt hutt, esouwäit ze kréien?
An der Ausbildung ass esou e ganz jonkt Päerd, e véierjäregt, jo grad ageridde ginn. Dat heescht, et ass gemeinsam opbaut ginn. Et ass natierlech ëmmer eng Fro vun der Zesummenaarbecht an Harmonie. D‘Päerd kritt relativ séier eraus, wat ech mir virstellen, wat ech denke, an ob ech iergendeng Hëllef brauch an dat ass och ëmgedréit de Fall. Dat heescht, et gëtt da wierklech eng Unitéit. Dat ass baut een iwwer insgesamt fënnef, sechs bis siwe Joer op, bis et wierklech eng Unitéit ass. Dat ass natierlech en immens Erliefnis. Et huet ee all Dag mateneen ze dinn an do mierkt ee wierklech, wéi deen, mat deem een zesummeschafft, drop ass.
War dat dat eenzeg Päerd, mat deem Der do schliisslech op deem Niveau waart oder waren der nach duerno komm? Wéi ass et do weidergaangen?
Dat war jo mäin éischten eegnen an hunn dunn och relativ fréi gesot, „ok, deen huet esou vill fir mech gemaach, deen däerf dann elo an d’Pensioun goen.“ Ech si jo awer Amateur gewiescht an et ass einfach eppes, dat vill Zäit brauch an dunn hunn ech fir mech decidéiert, „ok, dat do erliefs de eng Kéier.“
Wéi huet dat Päerd geheescht?
Petit Prince. Et war schonn immens, wéi mer zesummen opgewuess waren a Lëtzebuerg konnte vertrieden.
A wéi kënnt een dann vun do an d’Karriär vun engem Steward? Kënnt Der dee Wee e bëssen erklären? Wéi koum et zur éischter Iddi, Steward ze ginn?
Wéi ech opgehalen hunn aktiv selwer ze reiden wollt ech als éischt eppes fannen, wat ech fir de Reitsport maache kann, wat ech deem kann zréckginn. Dunn ass op eemol di Iddi opkomm, fir Steward ze ginn. Dunn hunn ech och di éischt Exame gemaach. Déi mécht ee fir d‘Dressur an d‘Sprangen. An du wéi ech ugefaangen hat, hunn ech di éischt Invitatioune fir méi kleng Concoursen krut. Ech hunn direkt gemierkt, datt dat, mäint war, well ech sou vill vum Reitsport weess a weess, wéi Turnéier oflafen sollen an eben och gesi wéi Reider mat de Päerd sinn an esou weider. Dunn hunn ech einfach gemierkt, datt dat passt.
Ass et e Virdeel, wann een dann selwer aus ëm Dressur- oder Sprangeride kënnt an et gëtt ee Steward oder spillt dat do éischter manner eng Roll?
Ech denken, dass dat eng ganz wichteg Roll spillt, well een sech ganz oft an d’Lag vum Reider versetze kann. D.h., et gesäit een, „esou funktionéiert dat do, esou kënnt dat zesummen.“ Ech fannen och, dass d’Reider een doduerch och respektéieren. De Fakt, datt et an der Tëschenzäit och esou kommunizéiert gouf a public gemaach ginn ass, datt ech dat alles och selwer gemaach hunn, bréngt mat sech, datt Reider sech soen, datt ee mat mir schwätzen kann an datt ech genuch Wëssen iwwer dat Ganzt hunn.
Hunn aner Stewards en änleche Background?
Dach, ech hu jo vill Kontakt gehat mat Stewards aus der ganzer Welt an di hunn am Fong alleguer mat Päerd a mam Reitsport ze di gehat.
Kënnt Der déi genee Aufgaben vun engem Steward beschreiwen? Sinn dës national an international ënnerschiddlech?
Si funktionéieren ëmmer ënnert engem groussen Titel „Health, prevent, intervene“ (d‘Red.: op Lëtzebuergesch Gesondheet, verhënneren, intervenéieren). Mir sinn am Fong geholl do fir dem Organisateur, wéi z.B. zu Réiser d‘Famill Thiry, z‘ënnerstëtzen, fir dass de Flow funktionéiert. Dat heescht, datt alles vum Oflaf hier klappt, och vum zäitlechen Oflaf hir. Et ass och eisen Job ze kucken, op d‘Equipement richteg ass. Dat heescht, wann an de Rules z.B. definéiert ginn ass, datt d‘Gamaschen mussen enger gewësser Norm entspriechen, muss mir kucken, ob dat och korrekt ass. Mir musse beim Ofreiden dobäi sinn, fir ze kucken, dass do den Ëmgang mat de Päerd absolutt korrekt ass. Et geet do ëm de Wellfare of the Horse, d‘Wuel vum Päerd.
Et ass elo iwwerspëtzt formuléiert, mä kann ee Stewards als Compliance Officer oder esou änlech nennen? Eben déi, déi kucken, datt dat, wat virgeschriwwen ass, och wierklech ëmgesat gëtt.
Korrekt, genau. Et geet drëm, datt d‘Regele befollegt ginn. Wann dat net de Fall ass, da kann ech als Chief Steward – dat ass deen, dee Chef d‘Equipe ass, z.B. eng giel Kaart un de Reider ginn. Dat ass z.B. de Fall, wann ee gesäit, datt en e falschen Equipement drop huet.
Dir hutt elo puermol en Oflaf ernimmt. Wat ass doranner genau ze verstoen? Sinn dat z.B. d‘Weeër, di d’Päerd z.B. vun der Stallgaass bis op d’Plaz goen oder wat ass dorënner ze verstoen? Geet et och ëm den organisatoreschen Zäitplang?
Den Zäitplang gëtt meeschtens vum Organisateur erstallt. Dat Beispill vum Stall ass awer eng vun eisen Aufgaben, dat heescht ëmmer erëm Ronnen dréien, fir ze kucken, ob do alles an der Rei ass mat de Päerd. Do ginn et ganz genau Reegele, wéi dat am Stall muss sinn, z.B. fir d‘Sortie de Secoursën, Feierläscher. Ganz wichteg ass, datt keng Leit do erakommen, déi do näischt verluer hunn.
Wéi gesäit dee Wee aus, bis een FEI Steward ass? Muss ee fir d’éischt op mi klengen Turnéier esou eng Funktioun ausüben, éier een op e gewëssen Niveau kënnt, wéi z.B. bei enger Europameeschterschaft?
Genau, et fänkt ee mat klengen Turnéier un a wann een dat gutt mécht, da kann d’FEI een och selektionéiere, fir z.B. Championnater ze maachen. Et kënnt engem natierlech ze gutt, wann d’FEI gesäit datt do een ass, dee vill Anung vun deem Sport a vun de Päerd huet. Si sinn natierlech och do, fir een da weiderzebréngen.
Muss een bei der FEI dann a bestëmmte Formatioun goen oder Certificate maachen fir datt een offiziell agreéiert ass oder wéi gesäit dat aus?
Et huet een eng Zort Intro-Examen, deen ee maache muss. Do mécht een e puer Deeg e Stage bei hinnen an do sinn dann Examinateuren, déi en Examen mat engem maachen. Duerno muss een all Joer online nach eng Kéier en Exame maachen an all dräi Joer erëm sur place. Doriwwer kann een och e Level eropgoen. Ech sinn elo op Level 3 fir Dressur, Sprangen a Para-Dressur an domadder kann een och Chief Steward sinn.
Bei wéi enger Zort Tournoien sidd Der an der Reegel am Asaz?
Ech hu wierklech d’Chance, datt ech op Fënnef-Stären-Turnéier ka goen, souwuel an der Dressur wéi och am Sprangen an eben elo och héich Para-Turnéier. Ech maachen déi Para-Turnéier immens gär. Ech krut och viru Kuerzem d’offiziell Invitatioun fir d’Weltmeeschterschaft zu Oochen fir d‘Dressur an d‘Para-Dressur.
D.h. ënner CDI 1* gitt Der elo net, z.B. op national Turnéier?
Nee, op nationalem Niveau maachen ech näischt. Zu Lëtzebuerg gëllen och nach e bëssen aner Reegelen. Och an Däitschland sinn ech net op Turnéier op nationalem Niveau.
Laut der FEI-Websäit gëtt et verschidde Kategorien vu Stewards, déi vun 1 bis 3 markéiert sinn. Wat bedeit dat? Dir selwer sidd an der Kategorie 3, wat kënnt Der eis iwwer Är Klassifikatioun soen?
Dat ass e Wee, deen ee sech quasi lues a lues kann eropschaffen. D‘Kategorie 1 ass déi klengst, déi kritt ee, wann een déi éischt Exame gemaach huet. Fir op de Level 3 ze kommen ass wichteg, well een domadder ka Chief Steward, also Chef d‘Equipe sinn. Et muss een Exame gemaach hu fir weiderzekommen an och bei enger gewëssen Unzuel un Turnéier matgewierkt hunn.
Et ass also elo net esou, datt z.B. e Steward vun der Kategorie 1 just dierf z.B. op en CSI 1* oder CDI 1*-Turnéier goen?
Nee, si däerfen iwwerall invitéiert ginn ausser bei Championnatier, mä dat ass eng ganz aner Saach.
Wéi ginn Är Asätz an d‘Plaze, wou der am Asaz sidd, definéiert? Kritt Der Virgabe vun der FEI, oder gëtt et eng gewësse Flexibilitéit fir dëst selwer ze bestëmmen?
Et ass den Organisateur, deen een invitéiert. Bei de grousse Championnater, wéi elo zum Beispill d‘lescht Joer zu Crozet, mécht de Chief Steward Propositiounen un d‘FEI. Dee seet, wéi eng Leit hie gär hätt. D‘FEI decidéiert dann awer, wien si gär do hätten.
Wat war bis elo dat gréisste Reitsportevent, bei deem Dir Steward war?
Ech war bei dräi Olympiaden. Rio war meng alleréischt, duerno Tokio an dunn als lescht Paräis. Ech war och bei de Weltmeeschterschaften 2013 zu Caen, 2018 zu Tryon (USA) an 2022 zu Herning (DK).
Paräis bzw. Versailles a säi Schlass ware warscheinlech nach eng Kéier eng Welt fir sech. Wat hutt Der do empfonnt gehat?
Do kréien ech tatsächlech och haut nach ëmmer Héngerhaut. Ech denken, dat wäert och mat grousser Warscheinlechkeet eppes Eemoleges bleiwen. Do ganz Emotiounen déi do waren, wéi de Publikum matgaangen ass, dat war eemoleg!
Wéi vill där Turnéier hutt Der, wéi dacks sidd Der iwwer d‘Joer gekuckt ënnerwee?
Also ech maachen der net vill, well dass se fir mech en Hobby. Et ass definitiv keen Job, et ass benevole. Wann ech esou aacht bis zéng Tunéier am Joer maachen, dann ass dat de Maximum. Ech fanne, wann een et sou maache kann, da muss et ëmmer nach eppes ganz Besonnesches sinn. Ech wëll net, datt et eng Routine gëtt. Ech wëll oppen dohinner goen a mech mental entspriechend dorobber virbereeden. Wann ech dat elo géif all Weekend oder dräimol am Mount géif maachen, dann ass dat net méi do. Et soll ëmmer nach Spaass maachen.
