© M. Guillamot
08.09.2026

Fueren: Schiltz a Lëtzebuerg an den Top 10

Fueren

Weltmeeschterschaften am Eenzelfueren zu München-Riem

Vum 1. bis de 6. September hunn d’Weltmeeschterschaften am Eenzelpäerdfueren an der bayerescher Haaptstad stattfonnt, eng Disziplin an där d’Lëtzebuerger Equipe ënner der Féierung vun der Famill Schiltz zu de beschten op der Welt gehéiert.

Déi uewe genannte Equipe, déi aus dem Nicolas Kandel, dem Franz Schiltz an der Marie Schiltz besteet, huet am Ganzen 295,98 Punkten erreecht a koum domat op déi 6. Plaz vun uechtzéng Natiounen, déi um Start waren. D’Schwäiz huet gewonnen (251,97), dat virun Holland (258,09) a Frankräich (266,99).

An der Eenzelkonkurrenz hunn d’Marie Schiltz an de Frodo et och an d’Top 10 gepackt a koumen schliisslech op déi 8. Plaz vun iwwer achtzeg Konkurrentinnen a Konkurrenten, mat 140,88 Punkten. Hei hunn de Stefan Ulrich (127,57) an de Mario Gandolfo (128,93) fir eng Schwäizer Duebelvictoire gesuergt an d’Anne Unzeitig aus Däitschland huet de Podium komplettéiert (131,19).

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

10.10.2026
Sprangturnéier Meeschhaff
Meeschhaff
11.10.2026
WBO Meeschhaff
Meeschhaff
17.10.2026
- 18.10.2026
Sprangturnéier Befort
Befort
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu