Lëtzebuerger Reider am Ausland: Dressur a Belsch, Sprangen a Spuenien – Global Champions Tour zu Doha verréckelt
Dressur
Dräi lëtzebuergesch Dressurreiter sinn Enn Februar zu Lier an der Belsch ugetrueden. Wärend d’Amélie Decruyenaere Haupert trotz enger Top-10-Plazéierung an enger CDIJ-Kompetitioun eng Plazéierung um Hannoveraner Finaud mat 67,929 Prozent verpasst huet, huet den Téo Rouyr um D’Ultimo e puermol beandrockt.
Déi zwee hunn sech dräimol an den Top-10 a verschiddene Ponykompetitiounen placéiert. Hir véiert Plaz an der Teamkompetitioun gouf vun enger drëtter Plaz an der Eenzelkompetitioun getoppt, wou de Rouyr mat 68,919 Punkten op de Podium koum. An der Kür huet hien et nach fäerdeg bruecht, di siwente Plaz mat 71,108 Prozent z’erreechen.
Den Nicolas Wagner Ehlinger (WR 45) ass mam Quater Back Junior souwuel beim CDI 4* Grand Prix wéi och beim Grand Prix Special ugetrueden. An der éischter Kompetitioun ass hien Zéngte vu 26 Starter mat 69,369 Prozent ginn, wärend hien am méi usprochsvolle Special souguer d’6.Plaz mat 69,021 Prozent erreecht huet. D’Konkurrenz zu Lier war staark, mat z.B. den däitsche Reider Katharina Hemmer an Ingrid Klimke, souwéi em Lisa Müller, Fra vum Fussballstar Thomas Müller.
Sprangen
De Victor Bettendorf hat eng wierklech beandrockend Leeschtung zu Valencia gewisen. Um Horacio Du Gue huet hien op der Medium Tour eng 1,40m- Klass gewonnen a sech sechs zousätzlech Podiumsplaze geséchert, insgesamt war hien dräizéng Mol an den Top 10 a verschiddene Sprangen. Hien huet souguer eng Duebelvictoire beim CSI 3* Grand Prix iwwer 1,55m geholl!
Hien huet sech souwuel mam eelefjärege Minnech Atchoum de la Roque wéi och mam zéngjärege Minnech Qwando van de Rispen fir d’Stieche qualifizéiert, an dat just fënnef Puer komm waren. Fir dëse Concours waren 56.800 € ausgeschriwwen, vun deem de Lëtzebuerger schlussendlech 25.560 € krut: hie huet d’Sprangen um Qwando mat enger feelerfräier Ronn a 34,59 Sekonnen fir sech entscheed a sech och di 2.Plaz mam Atchoum (35,02 Sekonnen) gesechert. Drëtte gouf den Italiener Giacomo Basso mam Cash du Pratel (35,12 Sekonnen).
Em Vuictor säi Brudder Basile huet sech d’lescht Woch zu Valencia zéng Top-10-Plazen geséchert, dorënner dräi Podiumsplazen.
Turnéier zu Doha ofgesot
De Victor Bettendorf sollt dës Woch um Global Champions Tour-Stopp zu Doha am Katar deelhuelen. Wéi dës Tour, zesumme mat der Doha Equestrian Tour, e Méindeg an enger gemeinsamer Erklärung ugekënnegt huet, fënnt op d’mannst den Event, dee vum 4. bis de 7. Mäerz geplangt war, net zu de geplangten Datumer statt.
De Grond dofir ass déi aktuell Sécherheetssituatioun am Mëttleren Osten an an der Golfregioun, déi zu operationellen a Reesbeschränkungen gefouert huet. D’Organisateure schreiwen, datt et de Päerd an dem Begleetpersonal, déi schonn op der Plaz ukomm sinn, gutt geet a si wiere sécher. Laut engem Instagram-Post ass de Victor Bettendorf selwer am Moment doheem an der Normandie.
