Zwee Turnéier dëse Weekend
Frënn vum lokale Reitsport kommen dëse Weekend op hier Käschten. Zwee Turnéier fannen statt. Am “Reitstall um Rouscht” ginn iwwer zwee Deeg Sprangkompetitiounen bis zu enger Héicht vun 1,30 Meter ofgehalen. D’Dressurreider wäerten zu Stroossen untrieden. Och iwwer zwee Deeg bitt d’Manège Kandel méi kleng Dressurprüfunge bis op M*-Niveau un.
Dësen Tournoi ass Deel vum “Breuer – die Brille” Cup, enger Serie an der Groussregioun. No Waldbredimus ass Stroossen den zweeten Halt vun dësem grenziwwerschreidende Concours. Weider Statioune sinn zu Saarbuerg, Tréier a Beckingen/Saar bis Mëtt Juni, mat der Finale vum 31. Juli bis den 2. August um Birkenhof zu Perl-Sinz.
Sprangturnéier um Rouscht
Samschdeg, 9.Mee, Muerges
- Sprangpäerdprüfung Kl. A* 90 cm
- Sprangpäerdprüfung Kl. A** 100 cm
- Sprangpäerdprüfung Kl. L 110 cm
- Sprangprüfung Kl. M* 120 cm
Nomëttes
- Stilsprangprüfung Kl. A* 90 cm
- Sprangprüfung Kl. A** 105 cm
- Zwou-Phase-Sprangen Kl. L 115 cm
- Sprangprüfung Kl. M* 125 cm
Sonndeg, 10.Mee, Muerges
- Stilsprangprüfung Kl. A* 95 cm
- Sprangprüfung Kl. A** 105 cm
- Sprangprüfung Kl. L 115 cm
Nomëttes
- Sprangprüfung Kl. M* 125 cm
- Sprangprüfung Kl. M** 130 cm
Dressurturnéier zu Stroossen
Samschdeg, 9.Mee, Muerges
- Dressurpäerdprüfung Kl. A
- Dressurpäerdprüfung Kl. M*
- Dressurpäerdprüfung Kl. L* – Tr.
Nomëttes
- Reider-Concours Schrëtt – Trab – Galopp
- Dressurreider-Concours DRW 2
- Dressurreiderprüfung Kl. A
Sonndeg, 10.Mee, Muerges
- Caprilli-Test-Concours
- Reider-Concours Schrëtt – Trab – Galopp
Nomëttes
- Reider-Concours Schrëtt – Trab
- Pony-Longéier-Concours
- Fun Trail
