Top Resultater fir FLSE-Athleten zu Oochen

Wagner Ehlinger zweemol um Podium bei den “Aachen Dressage Days” E puer Dressursportler, déi zu Lëtzebuerg lizenzéiert sinn, hunn d‘lescht Woch zu Oochen un engem Turnéier deelgeholl. Bei de Junioren hunn d’Amélie Decruyenaere Haupert an de Finaud déi fënneft Plaz (67,374%) an der Eenzelkompetitioun an déi véiert (66,961%) an der Eenzelkompetitioun kritt. Déi aner zwou […]
Dressurturnéier zu Stroossen – D’Resultater

Mat véier Podiumsplazen, dorënner dräi Victoiren, huet sech d’Moon Erpelding beim Dressurturnéier zu Stroossen ervirgedo. Den M* Dressurtest gouf vum Lena Wolf mam Skovslunds Dark Lady Dinero mat enger Punktzuel vun 8,0 gewonnen, wärend d’Alexandra Gianni an de Fantagiro d’L*-Prüfung mat 7,5 Punkten gewonnen hunn. Hei fannt der d’komplett Resultater Top-3-Resultater Samschdeg, 9.Mee Sonndeg, 10.Mee […]
D’Diane Kettmann mat zwou Victoiren um Rouscht

Déi aktuell Landesmeeschterin gewënnt déi zwee héchste Sprangen D’Diane Kettmann huet déi zwou héchste Prüfungen um Sprangturnéier um Rouscht gewonnen. Leschte Samschdeg huet si d’1,25-Meter M*-Klass mam Simply Fred an enger Zäit vu 65,64 Sekonnen gewonnen, knapp viurm Shoorendran Nageswaran, deen Zweeten um Nalu (65,75 Sekonnen) an Drëtten um Lemon Crush (67,62 Sekonnen) gouf. D‘Ofschlossklass […]
Dressur zu Stroossen, Sprangen um Rouscht

Zwee Turnéier dëse Weekend Frënn vum lokale Reitsport kommen dëse Weekend op hier Käschten. Zwee Turnéier fannen statt. Am “Reitstall um Rouscht” ginn iwwer zwee Deeg Sprangkompetitiounen bis zu enger Héicht vun 1,30 Meter ofgehalen. D’Dressurreider wäerten zu Stroossen untrieden. Och iwwer zwee Deeg bitt d’Manège Kandel méi kleng Dressurprüfunge bis op M*-Niveau un. Dësen […]
Zu Wittlich: sëllege Lëtzebuerger Victoiren

Sprangturnéier an der Groussregioun Eng remarkabel Zuel vun FLSE-Reider huet leschte Weekend um Sprangturnéier zu Wittlich (D) deelgeholl an et goufe vill Placéierungen erreecht. Zum Beispill ass d’Maxine Soudane den 1. Mee um Dunamoney Star op déi véiert Plaz an engem 60cm-Sprangreiderconcours komm. Um selwechten Dag sinn d’Lorie Theis an d’Mellimara Jife op déi zweet […]
Zu Shanghai: zwou Top-Plazéierunge fir de Victor Bettendorf

D‘Odile Gierech mat engem risege Programm an Italien D’Aarbecht vum Victor Bettendorf huet hien zu enger Zort “Jetsetter” gemaach: No den USA, Mexiko an Europa dertëschent an duerno, war hien Ufank Mee a China fir déi drëtt Etapp vun der Global Champions Tour, déi zu Shanghai stattfonnt huet. Hie war zweemol an den Top 5 […]
Päerdewuel: nei FEI-Regele goufen diskutéiert

Sportforum zu Lausanne: vill Ännerungsvirschléi am veterinäre Beräich Enn Mäerz goufen am Kader vum fënnefte FEI-Sportforum vill Themen iwwert d’Wuelbefanne vun de Päerd diskutéiert. Op Basis dovunner kënnen nei Reegelen oder Reegelännerungen op der Generalversammlung vum internationale Reitsportverband am November virgeluecht an ofgestëmmt ginn. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung de Päerdswuel an Zesummenhang mat […]
Zu Saarlouis a Fontainebleau: FLSE-Athleten ganz vir derbäi

Regionalt Dressurturnéier am Saarland, CSI 5* Event a Frankräich Dressur: vill Lëtzebuerger zu Saarlouis D’Kristine Møller-Engel mam Silvano an d‘Deborah Brüchle mam Domino von Equinox hu sech leschten Donneschdeg zu Saarlouis, am Saarland, zwou Placéierungen an enger Prüfung fir Dressurpäerd op A-Niveau geséchert, wou se véiert respektiv fënneft goufen. Déi éischt ernimmt Koppel huet de […]
Näerzeng: d’Resultater vum WBO-Turnéier

Wien ass alles an d’Top 3 komm? D’komplett Resultater ënnert dësem Link Sonndeg, 28.Abrëll * Qualifikatioun FLSE Cup
Reiderdag zu Näerzeng

E Sonndeg fënnt zu Näerzeng e WBO-Turnéier statt De Programm Sonndeg, 28.Abrëll 10:00 Auer: Clear-Round Stilsprang-Concours o. EZ 50 cm 10:45 Auer: Clear-Round Stilsprang-Concours o. EZ 60 cm 11:30 Auer: Clear-Round Stilsprang-Concours o. EZ 70 cm 12:30 Auer: Standard-Sprang-Concours 80 cm * 14:00 Auer: Longéier-Concours 14:30 Auer: Reider-Concours Schrëtt – Trab 15:00 Auer: Reider-Concours Schrëtt […]