TREC (Technique de Randonnée Équestre de Compétition) ass eng Kombinatioun vu verschiddene Reitdisziplinnen, déi sech iwwer dräi Deeler verdeelt a meeschtens iwwer zwou Deeg stattfënnt. De Concours ëmfaasst Elementer aus der Orientéierungsreiterei, engem Gelänneritt, Trail-Hindernisser, souwéi Elementer aus der Dressur an dem Sprangreiten. Déi dräi Prüfunge musse mat demselwechte Päerd absolvéiert ginn, dat wärend dem Concours mëttels veterinärer Kontroll reegelméisseg iwwerwaacht gëtt.
D’Zil vum Concours ass et, d’Harmonie tëscht Päerd a Reider ze bewäerten, wärend se gemeinsam onbekannt a variéiert Erausfuerderunge meeschteren.
TREC ass eng national an international unerkannt Disziplin, déi hiren Ursprong a Frankräich huet – dohier och den Numm. All véier Joer fënnt eng Europa- oder Weltmeeschterschaft statt. Bewäert gëtt no den internationale Reegelen vun der FITE (Fédération Internationale de Tourisme Équestre).
