Flse-Discipline-Endurance-icon-white
FLse-Photos-Discipline-Endurance-004

Endurance

Endurance-Reiden ass eng Disziplin, déi vu kuerze Aféierungsritte vu 20 bis 40 Kilometer geet bis bei international Elite-Concouren, sougenannt CEI-Ritten, déi 100 Kilometer oder méi ofdecken. 

Dëse Sport gëtt op allen Niveaue praktizéiert – vu Fräizäitriichter bis hin zu héichleistungsorientéierte Reider. D’Päerd musse laang Distanzen iwwer ënnerschiddlecht Terrain hannert sech bréngen an trotzdeem an engem gudden Zoustand um Zil ukommen. All Ritt huet eng definéiert Distanz an eng Minimumsvitesse, déi erfëllt muss ginn. Gewonnen huet dat Reider-Päerd-Team, dat als éischt ukënnt a gläichzäiteg déi lescht veterinär Kontroll erfollegräich passéiert.

D’Strecken si meeschtens kloer markéiert, obwuel et Evenementer gëtt, bei deenen Navigatioun mat Kaarten erfuerdert ass. Bei méi laange Rett starten d’Participant*innen normalerweis zesummen, a veterinär Kontrollpunkter sinn ënnerwee festgeluecht, fir d’Fitness an d’Erhuelung vum Päerd ze iwwerwaachen. Dës Pausen kënnen bis zu 50 Minutten daueren, a Veterinären iwwerpréiwen Häerzfrequenz a Hydratatioun.Wat d’Päerd d’Gesondheetskritären net méi erfëllt, gëtt et aus dem Concours geholl, fir säi Wuelbefanne sécherzestellen.

Erfolleg am Endurance-Reiden hänkt net nëmme vun der physescher Leeschtung of. De Reider muss d’Geschwindegkeet an d’Technik dem Zoustand vum Päerd an dem Terrain upassen. Béid – Päerd a Reider – brauche grëndlech Virbereedung, dorënner e spezifeschen Trainingsplang, ausgeglachene Fudderplang, a reegelméisseg Fräilaf, fir Muskelopbau an d’Immunofwier ze stäerken.

disziplinnen

Méi entdecken

Flse-Discipline-Therapeutic-Riding-icon-white

Therapeutescht Reiden

Flse-Discipline-Vaulting-icon-white

Voltigéieren 

Flse-Discipline-Mounted-Archery-icon-white

Bouschéissen um Päerd

Flse-Discipline-Mounted-Games-icon-white

Mounted Games

Flse-Discipline-Western-Riding-icon-white

Western Reiden

Flse-Discipline-Endurance-icon-white

Endurance

Flse-Discipline-Icelandic-Horse-icon-white

Islänner Päerd

Flse-Discipline-Show-Jumping-icon-white

Sprangen

Flse-Discipline-Breeding-icon-white

Päerdszucht

Flse-Discipline-Eventing-icon-white

Eventing

Flse-Discipline-Dressage-icon-white

Dressur & Para-Dressur

Flse-Discipline-Driving-icon-white3

Fueren & Para Fueren

Flse-Discipline-Working-Equitation-icon-white

Working Equitation

Flse-Discipline-Leisure-icon-white

Fräizäit

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

14.11.2025
Equi'Night 2025
Centre Joseph Altmann (Hesperange)
| 19:00
15.11.2025
Ofzeechen
Feelenerhecken
30.11.2025
Ofzeechen
Strassen

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu