Flse-Discipline-Mounted-Archery-icon-white

Bouschéissen um Päerd

D’Bouschéissen um Päerd ass eng dynamesch a geschichtsträchteg Reitsportdisziplin, déi d’Konscht vum Bouschéisse mat där vun der Reiden kombinéiert. Si geet bal 4.000 Joer zréck an huet hiren Ursprong an Asien. Vill Kulturen, wéi z. B. d’Mongolen oder déi nordamerikanesch Prärieindianer, hunn dës Technik beherrscht a verfeinert. Haut erlieft dës faszinéierend Disziplin eng weltwäit Renaissance a zitt Leidenschaftlecher un, déi d’Verbindung vu Traditioun, Präzisioun a Reitkonscht schätzen.

Eng bekannt Form vum Tir à l’arc à cheval ass d’ungaresch Kompetitioun am Kassai-Stil, déi säin Ursprong an der historescher Reitkultur huet an haut a Länner wéi den USA, an Asien an och a ville Regiounen an Europa praktizéiert gëtt, wou se dacks als europäesch Kompetitioun bezeechent gëtt.

Bei dëser Disziplin gëtt am Galopp op enger Streck vun 90 Meter geridden, déi a dräi gläichlaang Sektioune gedeelt ass. Laanscht d’Mëttelinn vun der Streck stinn op enger Héicht vun zwou Meter an néng Meter vun der Streck ewech dräi Zieler: eng Ziel kuckt an d’Richtung vum Start, eng aner ass parallel zur Streck ausgeriicht, an déi drëtt weist zréck a Richtung Arrivée. An der éischter Sektioun gëtt op d’Zil, dat no vir weist, geschoss, an der zweeter op dat, wat parallel steet, an an der drëtter op d’Zil, dat hannert dem Reider läit.

Dës Streck muss bannent 16 bis 18 Sekonnen ofgeschloss ginn, wärend Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer zwou Sekonne méi Zäit kréien, fir sech un d’Fäegkeeten unzepassen. Zu Lëtzebuerg gëtt dës faszinéierend Disziplin duerch de Club D’Arc Angels Luxembourg vertrueden, dee gläichzäiteg och den offizielle Vertrieder vum Land an der International Horseback Archery Alliance (IHAA) ass.

De Club, geleet vun der Géraldine Feltz, setzt sech mat vill Engagement fir d’Promotioun an d’Entwécklung vum Tir à l’arc à cheval an, mat dem Ziel, dëse räiche kulturellen a sportlechen Ierwen z’erhalen an nei Talenter ze motivéieren an z’encouragéieren.

Méi Informatiounen

Besicht w.e.g

disziplinnen

Méi entdecken

Flse-Discipline-Leisure-icon-white

Fräizäit

Flse-Discipline-Therapeutic-Riding-icon-white

Therapeutescht Reiden

Flse-Discipline-Working-Equitation-icon-white

Working Equitation

Flse-Discipline-Mounted-Archery-icon-white

Bouschéissen um Päerd

Flse-Discipline-Driving-icon-white3

Fueren & Para Fueren

Flse-Discipline-Mounted-Games-icon-white

Mounted Games

Flse-Discipline-Vaulting-icon-white

Voltigéieren 

Flse-Discipline-Endurance-icon-white

Endurance

Flse-Discipline-Icelandic-Horse-icon-white

Islänner Päerd

Flse-Discipline-Western-Riding-icon-white

Western Reiden

Flse-Discipline-Dressage-icon-white

Dressur & Para-Dressur

Flse-Discipline-Breeding-icon-white

Päerdszucht

Flse-Discipline-Show-Jumping-icon-white

Sprangen

Flse-Discipline-Eventing-icon-white

Eventing

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

14.11.2025
Equi'Night 2025
Centre Joseph Altmann (Hesperange)
| 19:00
15.11.2025
Ofzeechen
Feelenerhecken
30.11.2025
Ofzeechen
Strassen

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu