IWWER EIS

Lëtzebuerger Agence fir Integritéit am Sport

D’ALIS – Lëtzebuerger Agence fir d’Integritéit am Sport – ass déi national Autoritéit, déi dofir zoustänneg ass, d’Integritéit am Sport zu Lëtzebuerg ze fërderen a ze schützen. Si begleet a ënnerstëtzt all Acteuren aus dem lëtzebuergesche Sportsmouvement – Federatiounen, Veräiner, Athlete – fir en etheschen, respektvollen a gerecht  Sportsëmfeld ze garantéieren. D’Agence gëtt vun engem Verwaltungsrot geleet, deen aus 4 Memberen op Virschlag vum Sportminister, engem Member op Virschlag vum Gesondheetsminister, engem Member op Virschlag vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, 4 Memberen op Virschlag vum Lëtzebuerger Olympeschen a Sportskomitee, 2 Memberen op Virschlag vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Sportmedezin, engem Member op Virschlag vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Sportskinésitherapie an engem Member op Virschlag vun der Associatioun vun de Proffen am kierperlechen Erzéiung zesummegesat ass.

Mission & vision

Eis Engagementer

Ee Sport fërderen, deen inspiréiert, gerecht an zougänglech ass, wou Integritéit a Respekt d’Grondlag vun engem sécheren a schützende Ëmfeld fir jidderee sinn. D’ALIS ënnerstëtzt d’Acteuren aus dem Sportsmouvement an hirem Asaz fir en intakte Sport. Hir Missioune gi ronderëm dräi Haaptberäicher organiséiert:

  • Antidopage : e Sport ouni Bedruch garantéieren an d’Gesondheet vun den Athlete schützen.
  • Safeguarding : all Sportler, onofhängeg vun Alter oder Niveau, an engem sécheren, respektvollen a vu jidder Form vu Gewalt fräien Ëmfeld assuréieren.
  • Bekämpfung vun der Manipulatioun vu Kompetitiounen: d’Sportlech Gerechtegkeet verdeedegen an d’Vertrauen vum Public an d’Resultater erhalen..

MELDUNG MACHEN

Mir hëllefen Iech

D’ALIS stellt e sécheren a vertrauleche Kanal zur Verfügung, fir – wann néideg och anonym – all verdächtegt oder onpassend Verhalen am Sport ze mellen. Dräi Beräicher kënnen duerch e Signalement gemellt ginn:

  • Antidopping – all vermeintlecht Verletzung vun den Antidopping-Reegelen (z. B. Notzung, Besëtz oder Handel mat verbuedene Substanzen oder Methoden) oder all Handlung oder Ënnerloossung, déi der Bekämpfung vum Dopping schuet.
  • Safeguarding – all Tëschefall, deen d’physesch, psychologesch, sexuell oder moralesch Integritéit vun engem Sportler a Gefor bréngt (Gewalt, Belästegung, Mëssbrauch, asw.).
  • Manipulation vu Competitiounen  ongerechten Afloss op den Oflaf oder d’Resultat vun enger Competitioun
Adresse:

2, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Kontakt:

T.: +352 333930
E.: info@alis.lu

Fédération luxembourgeoise des sports équestres

Geschwënn

11.09.2026
- 13.09.2026
Dressurturnéier Bouferterhaff
Bouferterhaff
19.09.2026
Dressurturnéier Waldbredimus
Waldbredimus
20.09.2026
Sprangturnéier Waldbredimus
Waldbredimus
Logo of the luxembourgish Federation of Equestrian Sports

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu

Group of young equestrian athletes wearing competition attire celebrate indoors, holding bouquets and awards after a ceremony.

LM 2026

Sprangen & Dressur

Denkt drun Iech unzemllen fir LM am Sprangen an a der Dressur. Dir kennt Iech umelle bis den 01.09..2026 fir Sprangen a bis den 09.09.2026 fir Dressur.