Waldbriedemes: d’Resultater

Verschidde Reitsportler sinn e puermol op de Podium komm D’Mayla Balance an d’Victoria Kiefer hunn allenzwee eng éischt an zweet Plaz kritt, d’Giulia Soanni huet zwou éischt Plazen erreecht, d’Saskia Recht huet zwou Podiumsplazen fir sech an Usproch geholl, an d’Conny Fraiture huet eng duebel Victoire an der selwechter Prüfung gefeiert: dëst sinn d’Sprangreiderinnen, déi […]
Iwwer Ouschteren: Reitsport zu Waldbriedemes

Sprangen um Ouschtersamschdeg, Dressur um Méindeg Et ass eppes lass dësen Ouschter-Weekend zu Waldbriedemes: de “Club Étrier Pegasus” organiséiert e Reitsportturnéier mat sechs Sprangprüfungen um Samschdeg, ab 9:00 Auer, mat Héichte vu bis zu 1,10 Meter. Um Ouschterméindeg wäerten Dressurreider bis op den Niveau L* untrieden. Insgesamt siwe Prüfungen an dësen zwou Disziplinnen zielen fir […]
Zu Lier: e staarke Basile Bettendorf

De Victor Bettendorf beim „Saut Hermès“, d’Charlotte Bettendorf däerf nees starten. Wéi op hirer Facebook-Säit ze gesinn ass, ass d’Charlotte Bettendorf zréck am Reitsport. No hirer uechtzéng Méint laanger Spär huet si un engem Sprangturnéier zu Wilmington, Ohio (USA) deelgeholl. Hir Bridder dogéint sinn an Europa am Asaz. Op Eventer zu Lier a Belsch, wou […]
De Victor Bettendorf gewënnt eng Prüfung zu St. Tropez

D‘Odile Gierech gouf zu Vejer de la Frontera Zweet Viru sengem Optrëtt beim “Saut Hermès” zu Paräis huet de Victor Bettendorf a verschiddene Sprangprüfungen bis op CSI 3*-Niveau zu Gassin bei St. Tropez deelgeholl. Et war e Freideg, den 13. Mäerz, wéi hien seng bescht Placéierungen op dësem Tournoi erreecht huet. Um zéngjärege Wallach Qwando […]
Rouscht: Resultater vum Sprang- a WBO-Turnéier

Jeeweils zwou Victoiren fir d’Jessy Fraiture an de Léonard Aldilli Leschte Samschdeg hu sech vill Sprangreiderinnen a -reider um Rouscht fir den zweeten Turnéier vun der Saison versammelt. An den héchste Sprangprüfungen huet d’Jessy Fraiture mat zwou Victoiren an enger weiderer Podiumsplaz iwwerzeecht. Hatt huet d’1,10-Meter-Sprangen op A Commander Bond an enger Zäit vun 53,12 […]
Sprang- a WBO-Tournoi um Rouscht

De 14. Mäerz kënnen d’Sprangreider un engem Tournoi um Rouscht deelhuelen, an den Dag drop ass e WBO-Turnéier op der selwechter Plaz geplangt. De Programm Samschdeg, de 14.Mäerz – Virmëttes Nomëttes Sonndeg, de 15.Mäerz – Virmëttes Nomëttes * = FLSE Cup-Wertungen
Top 10 Placéierunge fir FLSE-Reider

Gierech zu Vejer de la Frontera, Skarsoe zu Ankum Sprangen Zënter Wochen ass d’Odile Gierech praktesch stänneg am Asaz zu Vejer de la Frontera a Spuenien, ongeféier 80 Kilometer westlech vu Gibraltar. Zënter Ufank Mäerz huet déi 38 Joer al Lëtzebuergerin Päerd a sëllege Prüfunge vu verschiddene Schwieregkeetsgraden deelgeholl, fir jonk Päerd wéi z.B. Sechsjäregen […]
D’Reitsportsaison huet ugefaangen

Resultater vum éischten Tournoi vum Joer hei am Land Den éischten Tournoi vum Joer 2026 zu Lëtzebuerg huet um “Meeschhaff” zu Iermsdrëf um Weekend vum 7. an 8.Mäerz stattfonnt. De Mich Koedinger mam Abby an d’Lena Kervyn de Lettenhove um Quicky hu sech mat jeeweils zwee Victoiren ervirgedo. D’Top 3-Resultater vun alle Prüfungen Samschdeg, 7. […]
Amateur FLSE Cups: Umeldunge sinn op

Iwwer de Link hei ënnen drënner kënnt Der Iech fir d’FLSE Cups 2026 unmellen
Duebel Victoire fir de Victor Bettendorf zu Valencia iwwer 1,55 Meter

Lëtzebuerger Reider am Ausland: Dressur a Belsch, Sprangen a Spuenien – Global Champions Tour zu Doha verréckelt Dressur Dräi lëtzebuergesch Dressurreiter sinn Enn Februar zu Lier an der Belsch ugetrueden. Wärend d’Amélie Decruyenaere Haupert trotz enger Top-10-Plazéierung an enger CDIJ-Kompetitioun eng Plazéierung um Hannoveraner Finaud mat 67,929 Prozent verpasst huet, huet den Téo Rouyr um […]