Eng Podiumsplaz fir de Marcel Ewen beim World Cup Sprangen zu Krakow.
Hei konnt hien am Grousse Präis vum CSI** (1.40m-1.60) mam Chimaira PJ déi 3. Platz erreechen. Dëst mat 2 feelerfräie Ronnen an enger schneller Zäit am Stiechen vun 39,62sec (38,06sec fir den Gewënner) bei 48 Reider.
Och d’Charlotte Bettendorf, wat dëse Weekend zu Vejer de la Frontera an Spuenien ënnerwee war, konnt sech bei insgesamt 71 Reider beim CSI*** Longines Ranking Sprangen (1.45m) mam Raia d’Helby op där 2.Platz platzeieren.
Resultate CSI Krakow (POL) 20-23.02.2020