//CVIJ Lier 2019

CVIJ Lier 2019

De Philip Bäcker, mat sengem Päerd Reality an dem Sabine Wagner un der Longe, den WE vum 31.05-02.06.2019 beim CVI Belgium zu Lier an der Kategorie CVI J2 e ganzt gutt Resultat am Voltigéieren konnt realiséieren. Hien huet sech no der Pflicht e Freideg an enger excellenter Kür (7,309, déi 3. bescht vun deem Dag bei de Junioren), mat enger 6,953 an der Round1 fir d’Final e Sonndeg qualifizéiert an huet um Enn eng ganz gutt 6. Plaz mat enger Gesamtwertung vun 6,919 ofgeschloss. Hien huet domadder déi 2. Kéier d’Norm vun der FEI ereecht fir sech fir d’Weltmeeschterschaft vun der Junioren am Juli zu Ermelo ze qualifizéieren.

By |2019-06-07T10:25:58+02:00Juni 7th, 2019|Uncategorized|Kommentare deaktiviert für CVIJ Lier 2019